Porte ouverte Gemeng Feelen 2022

« PORTE OUVERTE“ OP DER GEMENG AM KADER VUN DER CAMPAGNE « EGALITEIT LIEWEN »

 

Den 11. Juni 2023 wielt eist Land nees déi Fraen a Männer, déi an de Gemenge Verantwortung iwwerhuelen, fir um lokale Plang fir e bessert Zesummeliewen a méi Liewensqualitéit ze suergen.

Néierens anescht wéi an de Gemenge sinn d’Politikerinnen a Politiker esou no un de Wënsch an un de Besoine vun de Biergerinnen a Bierger.

 

Eng politesch Vertriedung ass am Beschten opgestallt, wann si aus engem gudde Mix vu Fraen a Männer aus allen Alterskategorië besteet. Dofir setzt sech och de Ministère fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer an.

 

An deem Kontext lancéiert eise Ministère eng Campagne fir d’Gemengewahle vun 2023 an e  grousse Pilier vun dëser Campagne ass eng « Porte ouverte » op der Gemeng.

 

Fir en Abléck an de Fonctionnement vun eiser Gemeng ze kréien a mat de politesch Responsabelen an d’Gespréich kommen ze kënne mécht d’Gemeng Feelen ( Adress: 25, rte de Bastogne, L-9176 Niederfeulen) am Kader vum

„Dag vun der Porte ouverte“ Donneschdes, de 13. Oktober vu 16:00-19:00 Auer

seng Diere fir seng Biergerinnen a Bierger op.

Dernière modification le 03.10.2022

Des articles de la même catégorie

Škoda Tour de Luxembourg 2026

Škoda Tour de Luxembourg 2026

À l’occasion de la Škoda Tour de Luxembourg, qui se déroulera du 16 au 20 septembre 2026, plusieurs perturbations de la circulation sont à prévoir dans la commune de Feulen. Afin d’assurer le bon déroulement de cette course cycliste internationale et la sécurité des...

lire plus
E Bam an d’Gewan

E Bam an d’Gewan

Plus de nature, d’ombre et de résilience climatique dans nos paysages ruraux Les arbres isolés et les alignements d’arbres jouent un rôle important dans nos paysages agricoles. Ils offrent un habitat précieux à de nombreuses espèces animales et contribuent à créer des...

lire plus
Collecte de vieux vêtements 18.09.2026

Collecte de vieux vêtements 18.09.2026

Dans le cadre de la collecte de vêtements organisée par Kolping Feelen, des vieux vêtements seront collectés à Feulen le 18 septembre au profit d’une bonne cause. Dans les prochains jours, des sacs seront distribués aux habitants. Les sacs remplis seront ramassés par...

lire plus
Aller au contenu principal