Randonnée d’hiver à Feulen

Sonndes, den 16. Februar 2025

Start ass tëschend 09:00 an 10:30 Auer am Festsall am Hennesbau. Fir den Depart gëtt et Kaffi/Croissant. D’Streck ass op der Kaart agezeechent.

Probéiert sou wäit wéi méiglech op Ären Auto ze verzichten a notzt den ëffentlechen Transport oder kommt einfach déi puer „Meter“ zu Fouss fir Iech schonn opzewiermen.

Nom Tour offréiert d’Gemeng ee Maufel z’iessen. Chili con carne oder Chili sin carne (vegetaresch) am Festsall am Hennesbau.

Mellt Iech wgl. un bis spéitstens de 7. Februar op der Gemeng ënnert der Nummer 81 27 47 100 oder op population@feulen.lu : onbedéngt ugi wéi ee Menü Dir wëllt!

 

Dimanche, 16 février 2025

Le départ est entre 09:00 et 10:30h dans la salle de fêtes du Hennesbau. Pour bien démarrer la randonnée, nous vous offrons un café-croissant. Le parcours est visible sur la carte.

Essayez d’utiliser les moyens du transport public, respectivement, venez à pied et évitez d’utiliser votre voiture privée dans la mesure du possible.

Après la randonnée, la commune vous offre une collation Chili con carne ou Chili sin carne (végétarien) dans la salle de fêtes du Hennesbau.

Veuillez confirmer votre participation jusqu’au 7 février à l’administration communale au tél. 81 27 47 100 ou par e-mail à population@feulen.lu en indiquant votre choix de menu.

Des articles de la même catégorie

Dispense de fréquentation scolaire

Dispense de fréquentation scolaire

De Schäfferot vun der Gemeng Feelen huet, no Récksprooch mam President vum Schoulkommitee a mat der Regionaldirektioun decidéiert, datt wéinst der aktueller Hëtztwell den Unterrecht fir d’Kanner aus de Cyclen 1 bis 4 e Mëttwoch, 24. Juni mëttes an e Freideg, 26. Juni...

lire plus
AVIS IMPORTANT – Annulation du cortège

AVIS IMPORTANT – Annulation du cortège

Annulatioun vum Cortège Wéinst der aktueller Hëtztwell muss d'Gemeng mat Bedauere matdeelen, dass de geplangte Cortège souwéi de Fakelzuch am Kader vun de Feierlechkeete vum Virowend vum Nationalfeierdag dëst Joer net stattfannen. Treffpunkt ass soumat um 20h15,...

lire plus
Aller au contenu principal