« PORTE OUVERTE“ OP DER GEMENG AM KADER VUN DER CAMPAGNE « EGALITEIT LIEWEN »
Den 11. Juni 2023 wielt eist Land nees déi Fraen a Männer, déi an de Gemenge Verantwortung iwwerhuelen, fir um lokale Plang fir e bessert Zesummeliewen a méi Liewensqualitéit ze suergen.
Néierens anescht wéi an de Gemenge sinn d’Politikerinnen a Politiker esou no un de Wënsch an un de Besoine vun de Biergerinnen a Bierger.
Eng politesch Vertriedung ass am Beschten opgestallt, wann si aus engem gudde Mix vu Fraen a Männer aus allen Alterskategorië besteet. Dofir setzt sech och de Ministère fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer an.
An deem Kontext lancéiert eise Ministère eng Campagne fir d’Gemengewahle vun 2023 an e grousse Pilier vun dëser Campagne ass eng « Porte ouverte » op der Gemeng.
Fir en Abléck an de Fonctionnement vun eiser Gemeng ze kréien a mat de politesch Responsabelen an d’Gespréich kommen ze kënne mécht d’Gemeng Feelen ( Adress: 25, rte de Bastogne, L-9176 Niederfeulen) am Kader vum
„Dag vun der Porte ouverte“ Donneschdes, de 13. Oktober vu 16:00-19:00 Auer
seng Diere fir seng Biergerinnen a Bierger op.