Nidderfeelener Kiermes 2025

D’Nidderfeelener Jongen invitéieren Iech op eng schéi Kiermes zu Nidderfeelen am Schoulhaff.
Programm Samschdes den 23. August:
Ab 9:00 Auer ass d’Feelener Musek am Duerf ennerwee a spillt den Hämmelsmarsch.
Um 20:00 Auer spillt d’Feelener Musek am Schoulhaff de Kiermesconcert.
Um 21:00 Auer ass den traditionellen Kiermesbal mat Musik vum Neemax (Virverkaf 5€, Oweskees 7€)
De Grill brennt ab 19:03 Auer.
Programm Sonndes den 24. August:
Ab 12:00 Auer ass d’Kiermesiessen.
Zur Auswiel stinn:
Schwengsbrot (Routwäinzooss) mat Gromperen & Zalot: 26€
Grillteller mat Fritten & Zalot: 15€
(Kanner bis 12 Joer: 10€)
Veggie Patty mat Fritten & Zalot: 15€
Chicken Nuggets mat Fritten: 10€
Umeldung bis allerspéitstens den 13. August 2025 op nfjongen@gmail.com oder beim Simon Dubos, Tel. 691 893 376
(Dir kritt eng Confirmatioun geschéckt.)
D’Nidderfeelener Jongen freeën sech op Äre Besuch!

Date

23 - 24 août 2025
Expiré!

Heure

Journée entière

Lieu

Am Kuebebongert
Niederfeulen

Organisateur

Nidderfeelener Jongen
QR Code
Aller au contenu principal