Déi nei Online-Heebourse fir Lëtzebuerg
Op dëser praktescher Plattform, déi fir Lëtzebuerg entwéckelt gouf, kennen Déierebesëtzer ganz einfach dat perfekt Hee an hirer Ëmgéigend fannen a regional Heeproduzenten ënnerstëtzen. De Kaf vu kraiderräichem Hee vun extensiv genotzte Wisen dréit dozou bäi, eist aarteräicht Gréngland ze erhalen. Dëst Hee eegent sech gutt fir d’Fidderung vu Päerd, Schof, Geessen, Jongvéi, Mammekéi souwéi fir Klengdéiere wéi Kanéngercher oder Mierschwéngercher.